Eis Clientèle
Eis Dingschtleeschtunge berouen op géigesäitegem Vertrauen an Diskretioun; dofir biede mir Iech em Verständnes, wa mir hei keng Referenzen oder Nimm vun Entreprisen nennen. Op Ufro si mir awer gäre bereet, no Récksprooch mat eise Clienten, Referenzen ze ënnerbreeden.
Den Tätegkeetsberaich vu Ceres Business Projects & Services leit haaptsächlech am Groussraum Saar-Lor-Lux an an der Belsch.
De Clientë-Stamm vu Ceres Business Projects & Services setzt sech gréisstendeels zesummen aus:
- Banken, Finanz-Dingschtleeschter a Versécherungen
- klengen a mëttelstännege Betriber ( PME ' s ) mat enger Personalstäerkt vun 5 bis 200 Persounen an engem Ëmsätz vun € 1 Millioun aus un, sou wéi Groussbetriber fir Deelberäicher
Di am heefegste bei Ceres Business Projects & Services an Usprooch geholl ginn, si:
- Analysen a Berodung
- Fachkompetenz am IT-Beräich oder an der Organisatioun
- Noutfall-Management (Business Continuity Management & Planning, Backup und Recovery)
- Projektmanagement
- intellektuell Dingschtleeschtungen
- zäitlech begrenzten Ënnerstëtzung (Hands-on) op ënnerschiddlechen Dingschtleeschtungsebenen Krisen an/oder Interimsmanagement